Accueil > ANESEC > 2008 > Visite vun den Caves Bernard-Massard

Visite vun den Caves Bernard-Massard

Samschdes, den 25. Oktober hu mir eis getraff fir eng interessant Visite vun den "Caves Bernard Massard". Et ass ugaange mat engem schéine Film deen eis d’Geschicht vun der Firma erklärt huet. Dat bescht un deem Film waren natierlech d’Dänzerinnen déi zwëschenduerch fir vill Spannung gesuecht hunn.
Duerno goufe mir dann duerch d’Kellere gefouert. Als éischt krute mir d’Réier gewise wou de Crémant duerchleeft. Duerno gëtt dat ganzt a Fläsche gefëllt déi bis zu 4 Joer mussen leie bleiwe fir ze gären. De ganzen Prozess kann awer geféierlech ginn, well an sou enger Fläsch bis zu 6,5 Bar Drock ass. Wei dir op der läschter Photo gesi kennt, platzen heiansdo och mol puer Fläschen.
No engem klengen Duerchgang vum Musée, wou mir déi aal Maschine gewise kruten, gouf et dann och eppes klenges ze schmaachen. Mir hunn dunn dréi Coupen gedronk un engem Dësch wou mir natierlech wei ëmmer héich intellektuell Diskussioune gefouert hunn.
< Retour
Présentation - Agenda - Rétrospectives - News - Offres d'emploi - Offres de stage
eco.lu | amuse.lu | anesec.lu | fuse.lu | Sitemap | Contact