Accueil > ANESEC > 2008 > Studieninfo am Lycée zu Dikkrech

Studieninfo am Lycée zu Dikkrech

D’Präsenz vun der ANESEC op den Studieninfoen an de Lycéen zu Dikkrech, Woltz an Ettelbréck, weist och dëst Joer den Engagement vun eiser Associatioun um Niveau vun enger vu senge fundamentalste Missiounen : d’Studieninformatioun.
D’ANESEC ass ee wichtegen Uspriechpartner fir d’Lycéen a virun allem d’Schüler an erméiglecht eis den Economiesstudium deene Jonke zi noo ze bréngen, si mat der ANESEC a Kontakt ze setzen an sou och Bekanntschaft mat eventuellen zukünftege Memberen ze maachen.
Mais wei leeft sou eng Studieninfo oof ? Noom Accueil vun deene verschiddenen Direktiounen, déi eis all ee grousse Merci ausgesprach hu, hu mir eise Stand besaat an de Schüler mat eise Broschüren déi verschidde Meiglechkeeten dinn hinnen opstinn erklärt. Een oppent Ouer fir d’Froen an d’Wënsch ass hei ganz wichteg. Vill Schüler komme mam Wonsch "Manager" ze ginn. Dëse breede Begrëff gehéiert natiirlech preziséiert an et ass eng vun de Missioun vun der ANESEC d’Villfältegkeet vum Economiesstudium an de Karrieren di sech dono kennen ergin ze erklären.
D’Studieninformationsdeeg un deenen d’ANESEC dest Joer deelgeholl huet kennen als vollen Erfolleg bewärt gin. D’Beruffer di den Economiesstudent un zielt genéissen nach emmer ee groussen Interesse bei de Schüler. Fir Nowuess ass sécher gesuergt an d’ANESEC ass weider engagéiert fir deene Jonken ze hëllefen hier Wënsch ze préciséieren an ze réaliséieren.
< Retour
Présentation - Agenda - Rétrospectives - News - Offres d'emploi - Offres de stage
eco.lu | amuse.lu | anesec.lu | fuse.lu | Sitemap | Contact