Accueil > ANESEC > 2009 > Visite vum Woltzer Béier-Musée

Visite vum Woltzer Béier-Musée

Leiw ANESEC’ler,
Den Samschden, 27.Juni war et endlech esouwäit. No laanger Examenszäit, déi dominéiert war vum näischt maachen, respektiv leieren, war d’ANESEC mol rëm aktiv an huet sengen Memberen eng attraktiv an interessant Aktivitéit ugebueden.
Um 1 Auer Mëttes ass et um Glacis lassgaange. Mat engem klengen Bus organiséiert vun der ANESEC ass et bis op Wolz gaang an do hunn mer dunn den Musée d’Art Brassicole, kuerz den Béiermusée, besichtegt. Fir d’éischt kruten mer eng kleng Introduktioun vum Wotzer Schlass, sengem Historique an sengen Propriétairen am Laf vun den leschten 4 Jorzéngten. Dono hunn mer mam Guide d’Ausstellung vum Béier besichtegt, déi duerch den Syndikat d’Initiative vun Woltz an der Associatioun Confrérie Gambrinus an d’Liewen geruff gouf. Mir kruten erklärt vun wou den Hab an den Maltz staamt, an un Hand vun engem Miniatur Modell vun enger Brauerei konnten mer den Wee vun der Geescht bis zum Béier méi genau novollzéien. Déi meeschten Ausstellungsstécker sinn Leihgaben vun privaten Propriétairen, wéi z.B. dem Petz Bartz seng iwwer 3000 eidel Béierfläschen déi doheem nët méi erdroen goufen. An villen Vitrinen waren och déi aal an och nach aktuell Letzebuerger Brauereien ausgestallt wei z.B Funck Bricher, Bofferding mä natierlech och Simon, déi jo zu Wolz doheem sinn.
An engem méi klengen Raum vun dem Wolzer Schlass war dunn awer och nach eng kleng Ausstellung iwwert Gierwerei an Lieder vu que dass Wolz och duerch d’Lieder europawäit bekannt gouf.
Am leschten Raum vun der Ausstellung waren dann och nach verschidden Maschinnen, an reeller Gréisst, ausgestallt déi zum Béierbrauen gebraucht ginn. Dat goung vum Schöpfkessel bis zum Killapparat. Zu gudder Lescht kruten mer dunn och nach Microbrasserie gewisen, wou jiddwereen säin eegenen Béier brauen kann. Déi Microbrasserie gëtt vun der Simonbrauerei alt och als Experimentéierbrasserie benotzt wou duerch Zoufall och den Simon Prestige entstanen ass. Jiddwereen deen Loscht huet kann sech beim Musée mellen an dann eng Kéier Samschdes säin eegene Béier op Wolz brauen goen, an en 40 Deeg méi spéit och rem dohinner sichen goen.
Eisen Nomëtten ass mat engem oder oder och fir déi Meescht mat engem zweeten Patt, offréiert vum Musée, ofgeschloss ginn. An den Bus huet eis dunn am fréien Owend gesond an bëssen méi monter um Glacis rëm ofgesat. Een Nomëtten ganz nom Goût vun der ANESEC ass sou op en Enn gaang.
Hei e puer Andreck vun der Visite :
< Retour
Présentation - Agenda - Rétrospectives - News - Offres d'emploi - Offres de stage
eco.lu | amuse.lu | anesec.lu | fuse.lu | Sitemap | Contact