Accueil > ANESEC > 2010 > Rencontre Entreprises-Etudiants 2010

Rencontre Entreprises-Etudiants 2010

Samschdes, de 13. Mäerz 2010, huet an der Chambre de Commerce um Kierchbierg der Anesec hier traditionell Rencontre Entreprises-Etudiants statt fond, an dëst fir 27. Kéier. Och dëst Joer war all Interessent vum Economie- an Bankesecteur, ob méi oder manner jonk, häerzlech invitéiert bis op de Forum des Entreprises laanscht ze kommen.
Um 14 Auer ass et lass gaang mat engem Mot de Bienvenue vum desjäregen President vun der Anesec, dem Frédéric Wantzenrieder. Hien huet dunn Wuert un den Minister de l’Enseignement supérieur et de la Recherche, M. François Biltgen, weiderginn. Hien huet d’Initiative vun der Anesec gelueft an huet et sech och net huelen gelooss fir nach emol ze betounen wei wichteg den Economie- a Finanzsecteur fir Letzebuerg ass, an och zukünfteg wäert bleiwen. Studenten dierften sech och an Zäiten vun enger Wirtschaftskrise net demotivéieren loossen, an missten virun allem lo alles drun setzen fir een gudden an interessanten Diplom ze kréien.
Den Direkter vum Statec a President Fondateur vun der Anesec, den Serge Allegrezza huet dunn Relève geholl an huet op en Neits ënnerstrach wei wichteg et an Zukunft fir Studenten wäert sinn, net nëmmen iergendeen Diplom ze kréien, mais besonneschen Wäert op Qualitéit an Spezialisatioun vun hirem Studium ze leeën.
Dono huet den Här Paul Emering, Sécrétaire Général vun der Chambre de Commerce, och nach een klengen Discours gehalen an besonnesch d’Cooperatioun vun der Anesec an der Chambre de Commerce gelueft. Zu gudder Lescht huet och nach den Marc Hostert e puer Wuert un Participanten vum Forum gerich. Als President d’Honneur vun der Anesec an als Representant vun der Cours des Comptes Européenne huet hien virun allem un d’Attraktivitéit vun enger Carrière bei den verschiddenen europäeschen Institutiounen erënnert, eng Carrière déi wei et schéngt bei sou munnchem Student zu onrecht a vergiess geroden ass.
D’Invitéë waren dono nach häerzlech op ee klengen Pot d’amis agelueden an während deem konnten di éischt Studenten sech no den Entreprisen ëmkucken déi se intresséiert hunn. Rencontre Entreprises-Etudiants huet och dëst Joer rëm vill vun deenen gréissten Entreprisen aus dem Banken- an Economiesecteur regroupéiert. De jonke Leit gouf d’Méiglechkeet gebueden sech no Stagesplazen ze ëmfroen, mä sie konnten och hire CV ofginn an der Hoffnung sech fir déi eng oder aner Aarbechtsplaz gutt ze verkafen an een Entretien ze ergatteren. Vill Studenten waren der Invitatioun vun der Anesec no komm an hunn vun der Geleeënheet profitéiert Kontakt mat sou munnecher Entreprise opzehuelen. D’Entreprisen hunn all CV’en genau ënnert d’Lupp geholl an d’Studenten sou gutt wéi méiglech beroden an informéiert. Se hunn och mat Sécherheet deen een oder aneren interessante Profil erkannt an sou gouf bestëmmt net nëmmen eng hoffnungsvoll Carrière deen Nomëtten gestart. Géint 17 Auer goung de 27. Forum Entreprises mat engem Eirewaïn op en Enn.
< Retour
Présentation - Agenda - Rétrospectives - News - Offres d'emploi - Offres de stage
eco.lu | amuse.lu | anesec.lu | fuse.lu | Sitemap | Contact