Accueil > FUSE > News > RTL SUCCESS STORY - 3 Gewënner bekannt !

RTL SUCCESS STORY - 3 Gewënner bekannt !

Jo ech well meng Zukunft an d’Hand huelen !
Nët manner ewéi 90 Kandidaten sinn dem Opruff vun RTL Télé Lëtzebuerg nokomm an hunn hiren Projet fir eng nei Entreprise agerecht.
90 Projeten, 90 Ideeën, mais awer och 90 mol den Temoignage bereet ze sinn sech z’investéieren an seng Zukunft an d’Hand ze huelen.
24 vun dësen Projeten goufen gecast, dat heescht 24 Mënschen, 24 CVen, an 24 mol d’Chance op 15.000 Euro Startgeld fir aus engem Dram Wierklechkeet ginn ze loossen.
Ween geet een vun den 8 Finalisten ? Wéi gesinn déi 24 Projeten aus ?
All dëst kënnt Dir ëmmer Dënschdes um 19h00 ob RTL Télé Lëtzebuerg suivéieren.
Dir hutt eng Emissioun verpasst ? Hei drenner fannt Dir déi läschten Emissounen :
 
 
 
 
 
 
Wou sinn déi enzel Projet’en drun an waat bleiwt nach ze maachen ?
 
Ob waat fir Froen muss ech als Entrepreneur eng Äntwert hun ?
 
"Dogwalker", Second Hand an Sécherheetsfirma bei hieren éischten Schrëtt als Entrepreneur
 
Emissioun vum 25. Januar 2011 :
Final - 2ten Deel
 
 
Emissioun vum 25. Januar 2011 :
Final - 1schten Deel
 
 
Emissioun vum 18. Januar 2011 :
"Jo ech trauen mech" - och déi 3. Emissioun wor gekennzeechent vun Kandidaten déi hier Dreem verwierklechen wëllen : vun Motorradsgarage bis Strekatelier, vun Internet-Plattform bis Berodung fir Fluchhäfen, ...
Müsli iwwert Internet, en Hufheilzentrum, eng Talentplattform, e Second hand Shop a vill aner Projeten huet d’Jury missten an der 2. Emissioun beuerteelen.
Wee sëtzt am Jury, wee sinn déi éischt Kandidaten a wéi gutt sinn d’Projeten ? An der 1. Emissioun gëtt tätowéiert, fotograféiert, gehuwwelt, gekacht a méi...
 
Weider Informationen ënnert :
-
Success Story ass vun der FUSE – Esprit d’Entreprise (Fondation des Universitaires en Sciences Economiques) an Zesummenaarbecht mat RTL Télé Lëtzebuerg entwéckelt gi a gëtt ënnerstëtzt vun der Lëtzebuerger Regierung, BDO, der Chambre de Commerce an der Chambre des Métiers.
Wann Dir d’FUSE bei dësem originellen Projet ënnerstëtzen wëllt, dann kënnt Dir dëst duerch en Don op den Kont IBAN LU08 1111 1904 4433 0000 (CCPLLULL) mat der Mentioun „Mir brauchen Entrepreneuren zou Lëtzebuerg“. Als „Fondation reconnue d’utilité publique“, sinn Är Donen steierlech ofsetzbar.
 
< Retour
Présentation - Agenda - Rétrospectives - News - Offres d'emploi - Offres de stage
eco.lu | amuse.lu | anesec.lu | fuse.lu | Sitemap | Contact