Accueil > ANESEC > 2008 > Porte ouverte d’Information à l’Ecole privée Sainte-Anne

Porte ouverte d’Information à l’Ecole privée Sainte-Anne

Den 1ten Maerz 2008 haat d’Ecole Privée Sainte-Anne fir déi 3ten Kéier hier "Porte ouverte d’Information" fir d’Klassen 12iéme an 13iéme organiséiert, an huet sou den zukünftegen Bachelier’en d’Méiglechkeet gin sech iwert déi verschidden Richtungen no Oofschloss vun hirem Bac ze informéieren.
An enger éischter Etapp huet eng "Table Ronde d’Information" stattfonnt, un där den Minister Biltgen, souwéi ehemoleg Schülerinnen, an déi verschidden Organisatiounen an Associatiounen aus dem Studenten- an dem Berufsliewen, deel geholl hun.
Duerno konnten sech Schülerinnen an Form vun engem Forum bei den Participant’en iwert déi verschidden Berufsméiglechkeeten an Studienrichtungen renseignéieren an sou an enger méi perséinlecher Atmosphère hir Froën stellen. D’ANESEC stoung den Schülerinnen Ried an Aentwert iwert dei verschidden Méiglechkeeten an Chancen en vue vun engem zukünftegen Economie Studium.
< Retour
Présentation - Agenda - Rétrospectives - News - Offres d'emploi - Offres de stage
eco.lu | amuse.lu | anesec.lu | fuse.lu | Sitemap | Contact