Success Story - Den Dram vun der eegener Entreprise !

Success Story ass eng nei Televisiouns-Serie, déi 3 Leit konkret hëlleft hier Entreprise opzebauen. Jidderee vun de jonke Patronen kritt 15.000 Euro Startgeld a gëtt während 6 Méint vu Spezialisten encadréiert !
Een eemolege „coup de main“ fir dass aus engem einfachen Draam Wierklechkeet gëtt !
Verpasst keen Moment vun dësem berufflechen Challenge : ab 04 Januar 2011 all Densden Owes ob RTL Télé Lëtzebuerg.
Wann dir eng Folge verpasst hutt dann kennt dir se anhand vun dem Link kucken :
- - -
Success Story ass vun der FUSE – Esprit d’Entreprise (Fondation des Universitaires en Sciences Economiques) an Zesummenaarbecht mat RTL Télé Lëtzebuerg entwéckelt gi a gëtt ënnerstëtzt vun der Lëtzebuerger Regierung, BDO, der Chambre de Commerce an der Chambre des Métiers.
Wann Dir d’FUSE bei dësem originellen Projet ënnerstëtzen wëllt, dann kënnt Dir dëst duerch en Don op den Kont IBAN LU08 1111 1904 4433 0000 (CCPLLULL) mat der Mentioun „Mir brauchen Entrepreneuren zou Lëtzebuerg“. Als „Fondation reconnue d’utilité publique“, sinn Är Donen steierlech ofsetzbar.