Accueil > ANESEC > 2008 > D’ANESEC ob der Studentenolympiad

D’ANESEC ob der Studentenolympiad

Als Astemmung op d’olympesch Spiller déi am August zu Peking statt fannen, huet d’ALUS dëst Joer eng Studentenolympiade zu Lëntgen um Fussballsterrain organiséiert. Trotz dem wiesselhaften Wieder hunn sech eng ganz Rëtsch Cerclen getraff fir sech an méi oder manner sportlechen Compétitiounen, wei zum Beispill enger Beierfass Course, Völkerball, Poker, diversen Quiz an Roodspiller, ze moossen.
D’ANESEC huet et sech natierlech net huelen gelooss fir bei dësem prestigiéisem Evenement matzemaen an huet och eng excellenten 3 Platz errongen. En besonneschen Merci un dëser Platz un den Christian Weber, Member vun der ANESEC, deen spontan eis Equipe complétéiert huet an mat sengem onermiddlechem Asaz en wichtegen Bausteen vir eisen formidabelen Exploit wor.
No den Compétitiounen, déi leider duerch de Reen virzäiteg zu Enn woren, gouf et natierlech nach eng Siegerehrung an eng kleng Ofschlossparty an der Sandkaul vir den Daach gebührend oofklengen ze loossen.
D’ANESEC seet en groussen Merci un all Participanten vun dëser Studentenolympiade an natierlech un d’Strossbuerger Studenten déi mat hiirer excellenter Organisatioun deen Daach reit méiglech gemaach hunn. Hoffen mer just dass nächst Joer d’Wierder besser.
< Retour
Présentation - Agenda - Rétrospectives - News - Offres d'emploi - Offres de stage
eco.lu | amuse.lu | anesec.lu | fuse.lu | Sitemap | Contact