Assemblée générale de l’amuse
Den 26. Mäerz 2010 hat d’AMUSE sengen Memberen Rendezvous ginn fir déi alljährlech Assemblée Generale. Am Kader vun sengem 15. Gebuertsdag huet den Komitee d’Memberen am Café Belair emfaangen fir déi traditionell Rapporten virzedroen.
Um Programm stoungen d’Begréissung duerch den President, den Rapport vum Sekretär deen déi sëllechen Aktivitéite virgestallt huet, an eng detailléiert Presentatioun vum Trésorier iwwert d’Finanzen vun der Mutuelle an der ASBL. An dësem Zesummenhang huet den Trésorier dorobber higewisen, dass ab 2009 mat enger Comptabilitéit en Partie double geschafft gi ass fir sou nach e besseren Suivi vun den Aktivitéiten maachen ze kënnen.
Uschléissend hunn déi 2 Keesserevisoren hiren Rapport virgedroen an d’AG gefrot dem Komitee d’Décharge ze accordéieren.
D’Memberen hunn dem Komitee hiert Vertrauen ausgedréckt, sou dass als nächsten Punkt iwwert d’Zesummenstellung vum Komitee konnt ofgestëmmt gi. 3 néi Memberen konnten an den Komitee opgeholl gin : Christian Lamesch, Pitt Wangen an Fabian Weiser. D’Lëscht vum aktuellen Komitee fand dir héi.
D’Wuert ass virugaangen un den Marc Hostert, Vertrieder vun der AMUSE bei der CMCM.
Den Här André Even, Gérant vun der CMCM, huet den Memberen ofschléissend nach zousätzlech Informatiounen iwwert déi verschidden Servicer vun der CMCM geliwwert.
No all den Presentatiounen gouf et dunn och Zäit eppes Klenges fir den Honger ze maachen an do hat den Komitee bei den Responsabelen vum Café Belair e kalen Buffet mat verschidden Zorten Keis an Charcuterie bestallt. Den Owend ass dunn bei engem gemittlechen Patt ausgeklongen.
Héi e puer Impressiounen :
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |






