Accueil > ANESEC > 2008 > ANESEC Kachkuer

ANESEC Kachkuer

Wou mir den Kachkuer an de Voting gesat hunn, hu mer eis geduecht et wier nie schlecht fir e Student, seng Kachtalenter ze fuerderen oder ze verfäineren, wat eis Memberen am Voting bestätegt hunn. Mir hun eis also den 8. September zu enger 20-Mann staarker Equipe zu Capellen am Restaurant vum Paul Eischen afonnt.
No enger Begréissung vum Chef, hu mer eis an 3 Gruppen agedeelt (Entrée/Haaptplat/Dessert) déi sech an de jeeweilegen Aktivitéiten ofgewiesselt hunn. Sou krut jiddereen en Abléck vum ganzen Menu an hat d’Méiglechkeet iwerall eng Hand unzepaken. D’Käch hunn no enger klenger Virféierung eis selwer un d’Wierk gelooss, an mir waren erstaunt wei gutt mer déi Saach gemeeschtert hunn. Donieft krute mer interessant Tipps vum Profi mat op de Wee, an Äntwert op eis Froen zougläich.
Deen op mannst genausou flotten Deel koum duerno wou mer servéiert kruten wat mer déi Stonne virdrun zesummegestallt haten. Mat groussem Appetit an passendem Wäin hu mir eis et gutt schmaache gelooss.
Um Menu stoung dësen Owend :
Entrée : Le dos de sandre rôti sur sa peau et sa sauce au vin blanc
Suite : Les médaillons de bœuf en croûte de champignons et sa sauce au vin rouge
Dessert : Le moelleux au chocolat et sa crème Anglaise
< Retour
Présentation - Agenda - Rétrospectives - News - Offres d'emploi - Offres de stage
eco.lu | amuse.lu | anesec.lu | fuse.lu | Sitemap | Contact