Accueil > ANESEC > 2009 > 26ième Rencontre Entreprises-Etudiants

26ième Rencontre Entreprises-Etudiants

Samschdes, de 14. Mäerz 2009, huet d’Anesec an der Chambre de Commerce um Kierchbierg rëm hier traditionell Rencontre Entreprises-Etudiants organiséiert, an dëst fir 26. Kéier. Och dëst Joer war all Interessent vum Economie- an Bankesecteur, ob méi oder manner jonk, häerzlech invitéiert bis op de Forum des Entreprises laanscht ze kommen.
Um 14 Auer ass et lass gaang mat enger klenger Zeremonie d’Ouverture. Nodeems all d’Invités d’honneur de Wee bis an Chambre fonnt haten, huet den President vun der Anesec, den Fabian Weiser, de Public begréisst.
Hien huet dunn Wuert un d’Secrétaire d’Etat, Mme Octavie Modert, weiderginn. Si huet d’Initiative vun der Anesec gelueft an ass nach eng Kéier op d’Wichtegkeet vun sou Evenementer agaang, besonnesch an Zäite wéi hautdesdaags.
De Minister Luc Frieden huet dunn Relève geholl an huet op en Neits betount dass och Lëtzebuerg net vun der Finanzkrise verschount bleift, dass et elo zielt sech seng Zukunft ze sécheren an dass et un deene Jonke wier dofir ze suergen dass d’Qualitéit vun eisem Economie- a Finanzsecteur laangfristeg erhale bleift.
Dono huet den Här Paul Emering, Sécrétaire Général vun der Chambre de Commerce, och nach een klengen Discours gehalen an besonnesch d’Coopératioun vun der Anesec an der Chambre de Commerce gelueft.
Zu gudder Lescht huet och nach den Här Serge Allegrezza jiddweree begréisst. Als éischten Anesec President huet hien schon vill Rencontren materlieft an huet betount dass hien och hofft dass dee Projet och nach an Zukunft een Erfolleg bleift.
D’Invitéë waren dono nach häerzlech op ee klengen Pot d’amis agelueden an während deem konnten di éischt Studenten sech no den Entreprisen ëmkucken déi se intresséiert hunn.
Den Forum des Entreprises huet och dëst Joer rëm all déi grouss Entreprisen aus dem Banken- an Economiescteur regroupéiert. De jonke Leit gouf d’Méiglechkeet gebueden sech no Stagesplazen ze ëmfroen, mä sie konnten och hire CV ofginn an der Hoffnung sech fir déi eng oder aner Aarbechtsplaz gutt ze verkafen an een Entretien ze ergatteren. Vill Studenten waren der Invitatioun vun der Anesec no komm an hunn vun der Geleeënheet profitéiert Kontakt mat sou munnecher Entreprise opzehuelen. D’Entreprisen hunn all CV’en genau ënnert d’Lupp geholl an d’Studenten sou gutt wéi méiglech beroden an informéiert. Se hunn och mat Sécherheet deen een oder aneren interessante Profil erkannt an sou gouf bestëmmt net nëmmen eng hoffnungsvoll Carrière deen Nomëtten gestart.
< Retour
Présentation - Agenda - Rétrospectives - News - Offres d'emploi - Offres de stage
eco.lu | amuse.lu | anesec.lu | fuse.lu | Sitemap | Contact