Accueil > ANESEC > 2008 > 25ième Rencontre Entreprises-Etudiants

25ième Rencontre Entreprises-Etudiants

Samstes, den 29ten März 2008, huet an der Chambre de Commerce um Kierchbierg déi 25ten Rencontre Entreprises-Etudiants stattfonnt. Fiir dese Jubiläum würdeg ze feieren, gouf moies eng Séance Académique organiséiert, gefollegt vun engem déliciéisen Networking Lunch an dem traditionelle Forum des Entreprises.
Séance Académique
Virun dem grousse Forum des entreprises, huet d’Anesec dest Joer op eng grouss Séance Académique invitéiert fir hiere 25. Gebuertsdag ze feieren. Nodeems all d’Invités d’honneur ukomm sinn, huet den President vun der Anesec Claude Hoffmann et sech net huele gelooss de Public ze begréissen.
Den Här Minister Biltgen huet dunn d’Relève geholl an die wichteg Roll vun der Anesec erfir gehuewe fir d’Zukunft vum Economie Secteur. En huet dann och de Studente Merci gesoot fir hieren Asaatz an Professionalismus wann et em d’Organiséieren vun sou engem groussen Event geet.
Dono huet d’Madame Lulling iwwer d’Liewen vun de Letzebuerger an den europäeschen Institutioune bericht, an ënnerstrach dass et wichteg as, dass Letzebuerg och weiderhin op héchstem Niveau vertruede bleiwt. Leider géif et hei un Nowuess feelen, an dofir huet se och gläich en Opruff un d’Studenten gemaach, sech fir eng Carrière an der EU ze entscheeden.
D’Table Ronde as dunn em d’Vergangenheet an d’Zukunft vun der Anesec gaangen. Hei hun fréier Comités memberen iwwer d’Roll vun der Anesec discutéiert, an probéiert en Bild vun der zukünfteger Anesec ze erstellen. Dobei as et virun allem em die begleedend Roll gaangen : vum Studenten- an d’Beruffsliewen.
De Claude Steinmetz, Direkter vun der Luxlait, huet dunn an engem spannenden Exposé iwwer d’Zukunft vun der Luxlait bericht. An enger grousser neier Fabrik soll eng Erliewniswelt entstoe ronderem d’Mellech. Bestemmt eng interessant Geleeenheet fir eng Visite d’Entreprise ze maachen.
Schlussendlech goufen dunn nach 2 laangjäreg Comités memberen vun der Anesec geéiert fir hier Verdengschter an hieren Asaatz.
Ernst & Young huet sech et net huele geloos fir en Networking Lunch ze spendéieren. Bei engem exzellente Buffet goufe Kontakter ënner den Invitéen ausgetosch an sou munch interessant Episoden aus der Geschicht vun der Anesec erzielt. Natierlech gouf och hei op de 25. Gebuertsdag vun der Associatioun ugestouss.
Forum des Entreprises
Um Forum mat den Entreprisen, haten di jonk Studenten d’Geleeenheet fir sech direkt en Bild ze maache vum Economie- an Bankesecteur. Hei sinn all Joer di gréissten Entreprise vum Secteur vertrueden, an bidden den jonke Leit d’Méiglechkeet sech no engem Stage ëmzekucken oder sech direkt fir eng Aarbechtsplaatz ze bewerben. Heifir hun sech och dëst Joer rëm d’Simulations d’entretiens d’embauche ugebueden.
Um 14 Auer as et lassgaangen, an et huet och net laang gedauert bis de Sall gudd gefëllt war. D’Temperatur am Sall as gestiegen, an d’Studenten hun gudd vun dëser eemoleger Geleeenheet profitéiert fir all d’Firmen beieneen ze hun an hiere CV direkt ofzegin. Sou munche Verglach gouf hei gezunn, an jidderee misst eppes fonnt hun fir seng Carrière ze starten.
Geint 17 Auer goung de 25. Forum Entreprises mat engem Eirewaïn op en Enn. Och hei gouf nach sou munch Informatioun ausgetosch. Um Enn vum Dag sinn d’Studenten gudd geluede mat Brochuren heem gaangen, an d’Entreprisen hun bestemmt deen een oder anere Kontakt hiergestallt. We weess, vläicht hun se jo hei schon en neie PDG recrutéiert.
Simulations d’Entretiens d’Embauche
D’Rencontre Entreprises-Etudiants am Kader vum 25. Gebuertsdag vun der ANESEC war och dëst Joer erem ganz gudd besicht an huet den Studenten erméiglecht sech bei den verschiddene Partenaire vun der ANESEC z’informéieren an Kontakter ze knëppen.
Parallel zum Forum hunn d’Simulations d’Entretien d’Embauche och dëst Joer den Entreprisen an de Studenten d’Méiglechkeet ginn sech kennenzeléieren an d’Studenten op den eescht vun der Sich no enger Aarbecht oder engem Stage virzebereeden. Vun 14 Auer un haten di iwwer 50 ageschriwwe Studenten an aaner Interesséierter d’Meiglechkeet un engem simuléierten Virstellungsgespréich Deel ze huelen.
10 Entreprisen, aus dem Audit-, Assurance-, an Banksecteur, hunn sech zur Verfügung gestallt fier dei Simulatioune sou realitéitsno wéi méiglech ofzehalen. Natierlech kruuten d’Kandidaten och Rotschléi mat ob den Wee wéi se hier Présentatioun an hiere Curriculum Vitae verbessere kennen an aner Tuyaue fir am Interview déi richteg Visitekaart ze hannerloossen.
Géint 17 Auer waren dunn och déi läscht Kandidate mat hierem Entretien fäerdech an gin elo hoffentlech méi selbstbewosst a routinéiert an hieren nächste reellen Entretien d’Embauche.
Revue de Presse
Luxemburger Wort - 29. März 2008 - Dossier Rencontre Entreprises-Etudiants 2008
Luxemburger Wort - 31. März 2008 - Professionalität und langjährige Erfahrung
Tageblatt - 8. Abrëll - Was mache ich später mit meinem Studienabschluss ?
PaperJam - März 2008 - Un quart de siècle et plein d’avenir
RTL Télé - 29. März 2008 - Ausschnëtt aus "De Journal"
 
< Retour
Présentation - Agenda - Rétrospectives - News - Offres d'emploi - Offres de stage
eco.lu | amuse.lu | anesec.lu | fuse.lu | Sitemap | Contact