25 Joer ANESEC-Fräibéier am Scott’s
Den 1. März haat d’Anesec all di méi oder manner duuschtereg Studenten op de Fräibéier an de Scotts am Gronn invitéiert. De 25. Gebuertsdag sollt jo schliesslech anstänneg gefeiert ginn am krees vun den aktuellen, mee awer och mat den neie Memberen. Et goung lass um 20 Auer, fir genuch Gedrénks war gesuergt. An et huet och net laang gedauert bis die éischt spannend Geschichten iwwer d’Anesec erzielt goufen.
All di interesséiert Economie-Studenten haten hei d’Geleeenheet fir d’Anesec an hier Aktivitéite kennenzeléieren, an die eng oder aaner kéier op d’Anesec unzestoussen. Sou munch neie Member gouf deen Owend fonnt, an mir si frou se all wëllkomm ze heeschen. Dobäi gouf och eise groussen Event REE den 29. März presentéiert. Mir wiere frou Iech all do eremzegesin, well d’Feierlëchkeeten zu eisem 25. Gebuertsdag hu jo grad réischt ugefaangen. An deem Sënn : affaire à suivre.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |


























