24ième Rencontre Entreprises-Etudiants
E Samsden den 17. März 2007 haat d’ANESEC (Association nationale des étudiants en sciences économiques et commerciales) hier 24. Ausgab vun der Rencontre Entreprises-Etudiants an der Chambre de Commerce um Kierchbierg organiseiert.
Mat der Présence vum Premier Minister Jean-Claude Juncker, de Ministeren François Biltgen an Jeannot Krecké, dem Pierre Gramegna, Direkter vun der Chambre de Commerce, dem Serge Allegrezza, Direkter vum STATEC an dem Marc Hostert, Président vun der FUSE ass et um 14 Auer mat der offizieller Ouverture lass gang.
Ziel vun der Rencontre ass et, d’Studenten an d’Entreprisen an engem onformelen Kader zesummen zebrengen. Ronn 250 Studenten haaten de Wee op desen eemolgen Event fonnt. Am Haerzsteck vun der Rencontre, dem Forum, an dem 19 Entreprisen aus dem Économie- an Finanzsekteur vertrueden waren, haaten sie dunn d’Méiglechkeet sech iwer Stage- an Abreschtsplaatzen an och iwer déi méiglech Carrièren ze informeieren, sou wéi och hieren CV bei der gewenschter Entreprise oofzegin.
Fir de Studenten beim Antrëtt an d’Berufsliewen ze hëllefen, huet d’ANESEC, och op der 24. Rencontre Entreprises-Etudiants, an an Zesummenarbescht mat den Entreprisen „Simulations d’entretiens d’embauche“ ugebueden. Hei haaten d’Studenten en Interview vun 15 min a kruuten dono eng Évaluation vun hierem CV wéi och vum Interview selwer.
Dëss weideren, fir och den Ufuederungen vum aktuellen Aarbeschtsmaart gerecht zegin, huet d’ANESEC en Seminaire „Assessment Center“ ugebueden, an dem de Studenten gewisen gin ass waat genau daat ass an wéi wichteg daat am Zesummenhang mat dem Recrutéirungsprozess ass.
Déi 24. Rencontre Entreprises-Etudiants ass dunn gemitterlech geint 18h bei engem Eirenwäin op en Enn gang.
Revue de presse
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |













